01 / 07D'Iddi

De Moiesstudio begleet d'Leit an de Schaffdag.
Mëttes begleet de Radio d'Leit rëm heem.

Eng Saach ass wichteg: Radio am Nomëtte ka keng einfach Kopie vu Moies sinn. Moies geet et drëms informéiert ze sinn. Nomëttes ass een op der Sich no engem Begleeder.

D'Versprieche soll sinn, datt mer nomëttes probéieren, de Leit a Lëtzebuerg den Dag ze erklären an doduerch eng Begleedung duerch den Alldag ze sinn.

All Punkt um Programm soll een vun dëse fënnef Krittäre hunn. Et kéint een et als interne Filter fir eng Redaktiounskonferenz ugesinn.

Erklären Entdecken Preparéieren Connectéieren Iwwerraschen
02 / 07Wien lauschtert eis no? · Zilpublikum

Zwee Nolauschterer mee eng Konstant:
sech beim Radio 100,7 doheem fillen.

Luka · 35 · Miersch
Wëll Kloerheet

Fräischaffenden Immobilien- an Assurancenagent, ambitionéiert a statusorientéiert. Hie koum vum Eldoradio an huet den 100,7 eréischt viru kuerzem entdeckt — well en him d'Gefill gëtt, besser informéiert ze sinn a matschwätzen ze kënnen. Hie fillt sech net gär kleng.

Nathalie · 43 · Bartreng
Wëll Déift

Schouljoffer, grondliberal an tolerant, mat engem progressive Mindset. Interesséiert sech fir déifgrënneg politesch, gesellschaftlech a kulturell Theemen a geet reegelméisseg op Concerten. Hatt lauschtert 100,7 am Auto a wann et eleng doheem ass.

Gemeinsam Bedierfnesser: Journalismus, deem ee vertraut · gutt Gespréicher · Musek · Respekt. De Radio an doduerch de Service public soll accessibel sinn.

D'Musek-Spannung a wat mer dogéint maache kennen

Musek ze entdecken ass éischter dem Nathalie seng 'Comfort Zone', wärend et dem Luka éischter angscht géif maache. Mir wëssen dat Saachen déi hien net kennt, hien éischter klenge fille loossen. Dofir ass et wichteg hei d'Entdeckung an de Kontext ze setze: ee Saz wien dat ass a wisou et derwäert ass nozelauschteren. Elo fillt sech ee Lidd wat de Luka net kennt net u wéi eppes wat hie verpasst huet, mee éischter wéi eng nei Informatioun, eppes wat hien elo geléiert huet. An dësem sënn ass d'Entdeckung eng Plus-value fir hien an den Radio verléiert net seng Identitéit.

03 / 07D'Nomëttes-Rees

D'Sendung suivéiert dem Nolauschterer säin Dag,
net engem fixen Radiosegment.

13:00–15:00

Haut verstoen

"Wat ass haut geschitt wärend deems ech beschäftegt war?" Mir hëllefe den Leit den Dag opzeschaffen an ze verstoen.

15:00–16:00

Lëtzebuerg entdecken

"Wat ass et derwäert nieft den Headlines vun haut ze wëssen an ze entdecken?" Eng Art Magazin: Leit, Plazen, Kultur, a Lifestyle.

16:00–18:00

Doheem ukommen

"Wat muss ech wëssen ier ech doheem relaxen kann?" Traffic, Wieder, Gespréicher, an eng soft Landung an den Owend.

13:00 ech sinn beschäftegt de Feierowend kënnt méi no ech ginn heem 18:00

D'Reegel: e Wuertundeel vu 30 % géintiwwer 70 % Musek, d'Noriichten ëmmer zur voller Stonn, an op d'mannst zwou Sendeplaze pro Stonn. De Radio ass am Dag en Niewebäimedium — d'Wuertbäitreeg bleiwen dofir kuerz a knapp, an d'Musek kritt Loft.

04 / 07E konkreten Dënschdeg · Hëtzt a Dréchent

Zweet Hëtztwell an kuerzer Zäit, kee Reen.
Kommen mir an eng Dréchent?

Moies gouf well gewarnt, datt et warm gëtt. Den Nomëtte verdéngt seng Plaz um Radio, andeems en méi Kontext gëtt. Wat erwaart eis elo? An wéi fillen sech d'Leit doduerch?

13:00
Noriichten · zur voller Stonn
13:05
Ouverture — den Dag an Kontext setzen. Mir verzielen net just, datt et warm ass, dat wëssen d'Leit.
13:15
Story vum DagErklären
Dréchent kontextualiséieren, Interviewen mat Experten. Erklären, wisou de feelende Reen eis all eppes ugeet — egal op mer et gär sonneg hunn oder net.
14:00
Noriichten
14:20
Live-Reporter — Lëtzebuerger Stëmmen: wéi ginn si mat der Hëtzt ëm?
15:00
Noriichten
~
Musek · een Entdeckungs-Lidd, kontextualiséieren → den Luka-Moment
16:00
Noriichten
16:15
Kärpunkten — Traffic, Transport, Chantier + vläicht e klenge méi lockere Moment: wou kënnen d'Leit ofkillen?
16:30
GespréicherConnectéieren
Messagen vun WhatsApp, Social Media, Uriff? Eventuell Sproochnoriichten. D'Leit connectéiere mat der Show a mam Land. Hei kéint een och soss an der Reaktioun rondrëm froen. De Producer këmmert sech drëms.
17:00
Noriichten
17:10
Reporter (kann och opgeholl sinn, falls live net funktionéiert).
17:15
Muer fänkt haut schonn unPreparéieren
Wéi gesäit et mat muer aus? Wat muss ech soss nach wësse fir muer?
17:55
Feel-good NewsIwwerraschen
Noriichten aus dem Land oder Europa, déi den Nolauschterer mat engem gudde Gefill heemgoen loossen.
18:00
Fin

Eng Story — fënnef Funktiounen. De Reporter ass meeschtens ënnerwee, d'Musek hëlleft ze ootmen, an wat wichteg ass: och ouni Hëtzt an Dréchent ass dat e Format, deen einfach ze iwwerhuelen ass — mee dann mat engem Entdeckungs-Lead.

05 / 07Aschaltmomenter

Fest Rendezvousen, wou ee mengt eppes ze verpassen,
wann ee net aschalt.

E puer fest Rendezvousen, ee pro Stonn — sou reegelméisseg, datt se zu enger Gewunnecht ginn, awer déif genuch fir datt se zielen.

~13:15

Top-Story vum Dag Erklären

Headline vum Dag, erkläert an kontextualiséiert.

~15:20

Derwäert Entdecken

Déi eng Saach, déi s de soss verpasst häss.

~16:30

Gespréicher Connectéieren

Wat Lëtzebuerg wierklech beschäftegt.

~17:15

Muer fänkt haut schonn un Preparéieren

Wat ee wësse soll, ier een relaxéiert.

~17:55

Eng gutt News Iwwerraschen

Eppes Klenges, Mënschleches fir den Dag ze beenden.

Mix and match, däin Dag: verschidde Formater fir wann den Dag duerno freet: Live-Reporter · Knowledge Bites · Wosst dir well? · Made in Luxembourg · 3 Events fir den Owend — sou datt een ëmmer eppes Passendes huet.

06 / 07D'Team · Ressourcen an wat nom Radio kënnt

De Reporter ass déi gréissten
Opportunitéit am Editorialen.

  • Animateur — moderéiert d'Emissioun a fiert d'Technik; hält den Toun.
  • Reporter — déi gréisst redaktionell Chance. Soll rar am Studio sinn: virproduzéiert Elementer oder schalt sech vum Terrain eran — Parlament, Dierfer, Schoulen, Spideeler, Mäert.
  • Produzent — hëlleft organisatoresch an technesch, koordinéiert Invitéën an Timing an féiert d'Gespréich mam Publikum; un hie kann ee delegéieren.
  • Museksredaktioun — plangt d'Musek, liwwert themateschen Input a prägt d'Stëmmung.
  • Kulturredaktioun — dreift d'Entdeckung duerch d'ganz Sendung, net just ee fixe Slot.
  • Newsroom — liwwert Input aus der Aktualitéit: Explainer a Breaking News.
Wat kënnt nom Radio? All Platform huet seng Plus-value
  • Virdrun: Froen, Ëmfroen, Suggestiounen.
  • Wärend: Sproochnoriichten, WhatsApp, Live-Reaktiounen.
  • Duerno: Podcast, méi laang Interviewen, Artikelen.

Opgepasst: keen Copy-Paste vum Radio!

Formater

Breaking News: de Reporter ass live, den Newsroom hëlleft, Features a Kultur ginn an den Hannergrond. Service public fir ze informéieren op der 1.

Méi luesen Dag: Entdeckung als éischt. Hei ginn Leit, Communautéit, Science a Kultur an de Virdergrond gestallt. Eng Show kann sech ni op Breaking News verloossen.

07 / 07Succès an wisou et Service public ass

Dat strategescht Zil:
d'Audienz am Nomëtteg steigeren, am Respekt vum Service public.

Mir moossen

  • Nomëttes-Nolauschterer — de Kär.
  • Nolauschterzäit a wien erëmkënnt.
  • Participatioun — Messagen, Sproochnoriichten, Ëmfroen.
  • Podcast & digitalen Engagement — wien ass online ze fannen?
  • Qualitative Feedback.

Den richtegen Test

Een Nolauschterer klëmmt an säin Auto a mécht ouni ze iwwerleeën de Radio 100,7 un, well si wëssen: hei verstinn ech herno den Dag, hei entdecken ech Neies (och iwwer Lëtzebuerg), an hei kréien ech alles wat ech brauch, bis ech doheem sinn.

Wa mer dat hikréien, dann ass de Programm Begleeder a Routine zugläich.

An wisou Service public: mir erklären, mir verifiéieren, mir reflektéieren Lëtzebuerg. Mir ginn de Communautéiten eng Stëmm, mir setzen Kultur an de Virdergrond, an hëllefen den Leit, en Deel vun eppes ze sinn. An dat alles mat den Valeuren vum Service public.
← / → to navigate
100,7 · Nomëttes